Liicht

D'Liicht ass dee fir Mënsche siichtbare Beräich vun der elektromagnéitescher Stralung. Dësen erstreckt sech vu ronn 380 bis 780 nm Wellelängt, wat enger Frequenz vu ronn 789 bis 385 THz entsprécht. Eng genee Grenz léisst sech awer net definéieren, well d'Empfindlechkeet vum mënschlechen A net op ee Schlag, mä no an no ofhëlt. Déi un d'visuellt Liicht ugrenzend Beräicher vun der Infrarout- (Wellelängt tëscht 780 nm an 1 mm) an d'Ultraviolettstralung (Wellelängt tëscht 10 nm an 380 nm) ginn dacks och als Liicht bezeechent. An der Physik steet de Begrëff „Liicht“ och fir de ganzen elektromagnéitesche Wellespektrum. Liichtverhältnesser a Phenomeener vun der Physiologie ginn ënner Hellegkeet zesummegefaasst.


Developed by StudentB